Eis Courriesadresse fir Mailen: secretariat@cervoise.lu
Datumer vun den Aktivitéiten:
Kuckt w.e.g beim “Kalenner”
LES AMIS DE LA CERVOISE asbl
D’Associatioun gouf am September 1998 vun e puer BéierBegeeschterten gegrënnt, deenen hir primär Absicht war, eegene Béier ze brauen.
Deen éischte Brau Virgang vun 20 Liter gouf gemaach den 12. Dezember 1998 mat enger Installatioun vun engem vun de Grënner.
Déi successiv Moderniséierung vun der Brauinstallatioun huet et méiglech gemaach, d ‘Produktioun fir d ‘éischt op 40 Liter,an duerno op 60 Liter Béier pro Brau Virgang ze erhéijen.
Am Joer 2020 huet d ‘Associatioun eng nei semi – professionell Brau Anlag kaaft, déi eng Produktioun vu maximum 120 Liter erlaabt.
De Béier gëtt vu Membere produzéiert, déi un der Technik vum Hobby – Brauen interesséiert sinn.
Déi Béier Zorten, déi am Laf vum Joer produzéiert sinn, gi während gesellegen Degustatiounsowender vun de Membren a Frënn vum gudde Béier appréciéiert.
D ‘Associatioun verfollegt een Haapt – Zil : eng bal verschwonnen dausendjähreg Traditioun erëm opliewen ze loossen : Hobby Brauen, an Hobby – Brauer de Kader ze bidden, hir Erfahrungen an hiren Know-how auszetauschen.